WiFi fir Leit vum LCD
Wielt e Gebei, w.e.g:
Aalt Gebei (AB) a Mierscher Gebei
Neit Gebei (NB)
Am ale Gebei an zu Miersch kënne Schüler, Enseignanten a Personal sech iwwert den "eduroam" Réseau mam Internet verbannen. Dëse Réseau ass am Ufank zwar e bësse komplizéiert anzeriten, huet dono awer eng ganz Rei Virdeeler, z.B. dass een domatt och automatesch eng Internet-Connectioun op verschiddene Schoulen an Universitéiten uechter d'Welt kritt.
Fir eduroam op ärem Gerät (Laptop, Tablet oder Handy) z'installéieren, verbannt dat betraffent Gerät w.e.g. fir d'éischt mat Hëllef vun engem anere Réseau mam Internet, a surft dann op dëse Site. Dat kënnt der entweder iwwert e Kabel maachen, iwwert äre private WiFi Réseau doheem, oder am Lycée iwwert de Réseau "LCD Welcome", fir deen der kee Passwuert braucht. Sollt der net eens ginn, sou kontaktéiert w.e.g. de Service Informatique!
Wéi e Gerät hutt der?
Macintosh
iPhone / iPad
Windows PC
Android
Linux
Wielt w.e.g. aus, wéi e Betriebssystem äre Mac huet. (Falls äre Mac déi erofgelueden Datei net vum selwen ausféiert, maacht en Duebel-Klick drop fir d'Installatioun ze starten.)
Bei der nofolgender Installatioun ass äre Benotzernumm dann
IAM-Code@iam.education.lu
woubäi der äre perséinlechen IAM Code musst uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt), an d'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Eventuell freet äre Mac iech och, d'Passwuert vun ärem Computer anzeginn, fir d'Installatioun z'erméiglegen. Soubal d'Installatioun ofgeschloss ass, kënnt der den Eduroam Réseau an der Lëscht auswiele fir iech ze connectéieren.
Remarque: Falls der den LCD-Welcome Réseaux virdru benotzt hutt, kann et sinn, dass äre Mac sech automatesch ëmmer rëm mat deem Réseau verbënnt, statt mam Eduroam (wouduerch dann net alles richteg fonctionnéiert). Gitt an deem Fall an d'System-Préférenze bei d'Astellunge vun ärem Netzwierk, klickt op "Wi-Fi", dann op "Advanced" a läscht den LCD-Welcome Réseau aus der Lëscht.
Méi al MacOS X Versioune gi leider net méi ënnerstëtzt.
Dréckt op de Knäppchen hei drënner fir d'Installatioun ze starten. Mierkt iech fir d'éischt awer nach äre Benotzernumm, deen der dono e puer mol gefrot gitt:
IAM-Code@iam.education.lu
Där musst dobäi äre perséinlechen IAM Code uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt). D'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Eventuell freet ärt Gerät iech och, äre Pin Code anzeginn, fir d'Installatioun z'erméiglegen.
Wichteg: soll ärt Gerät iech no der Installatioun erzielen, et kéint sech net mam Eduroam verbannen, dann dréckt op dee klengen (i) nieft deem aktuellen Netzwierk (z.B. LCD-Welcome) an sot dem Gerät, et soll dee Réseau vergiessen. Probéiert dono den Eduroam nach eng Kéier, eventuell och e puer mol hannereneen. Oft fonctionnéiert et réischt beim 3. oder 4. Versuch.
Wielt w.e.g. aus, wéi e Betriebssystem äre PC huet. (Falls äre PC déi erofgelueden Datei net vum selwen ausféiert, maacht en Duebel-Klick drop fir d'Installatioun ze starten.)
Bei der nofolgender Installatioun ass äre Benotzernumm dann
IAM-Code@iam.education.lu
woubäi der äre perséinlechen IAM Code musst uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt), an d'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Eventuell musst der iech fir d'éischt als Administrator op ärem PC umellen, fir d'Installatioun z'erméiglegen.
Méi al Windows Versioune gi leider net méi ënnerstëtzt.
1) Installéiert als éischte Schrëtt d'eduroam CAT App, falls dat net scho geschitt ass:
2) Wielt dono w.e.g. aus, wéi eng Android Versioun der hutt. Bei der nofolgender Installatioun ass äre Benotzernumm dann
IAM-Code@iam.education.lu
woubäi der äre perséinlechen IAM Code musst uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt), an d'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Klickt w.e.g. op de Knäppchen hei drënner fir den Installatiouns-Skript erofzelueden. Bei der Installatioun ass äre Benotzernumm
IAM-Code@iam.education.lu
woubäi der äre perséinlechen IAM Code musst uginn (deen der och z.B. bei Restopolis oder fir de Fichier Elèves benotzt), an d'Passwuert ass ärt IAM Passwuert.
Am neie Gebei kënnt der am Moment de Réseau "LCD-NB" benotzen. D'Passwuert vun deem Réseau kann aus Sécherheetsgrënn natierlech net op dësem Website ugewise ginn. Där kënnt et awer um Sekretariat, an der Loge oder beim Service Informatique nofroen.