• Wëllkomm um Site vum Service Informatique!

    De Service Informatique ass ären Uspriechpartner fir Problemer, Wënsch a Feedback zum Thema Informatik am LCD.

     

    Ëm d'Computeren am alen an am neie Gebei këmmeren sech de Paulo Felix, de Joël François an de Pedro Mira da Costa.

     

    Zu Miersch suergen de Guy Even an de Laurent Schock fir äert informatescht Wuel.

  • Kontakt

    per e-Mail:

    informatique@lcd.lu

     

    via Telefon:

    zu Dikrech:    26807-350    (oder)    26807-510

    zu Miersch:    32-02-22-213

     

    zefouss:

    Eise Büro ass am ale Gebei zu Dikrech um 2. Stack, tëschend deenen 2 Infossäll. Klickt w.e.g. op dëse Plang fir eng vergréissert Versioun:

  • Handbicher & Dokumenter

    An dëser Sektioun fant der Informatiounen zu deene folgenden Themen:

     

    IAM

    LanSchool

    Dokumenter verwalten am Infossall

    IAM

    ... ass d'System, iwwert dat der iech kënnt op eise Computeren umellen. Klickt hei fir en detailléiert Handbuch erofzelueden, dat iech erklärt, wéi der ären eegenen IAM Kont an och d'Konte vun äre Schüler kënnt verwalten.

    LanSchool

    Dëst Dokument erklärt iech déi wichtegst Funktionalitéite vun der Software LanSchool, mat deeër der kënnt är Schüler am Infossall iwwerwaachen. Onbedingt liese wann der méi oft mat äre Schüler am Infossall schafft!

    Dokumenter verwalten

    Dëst klengt Handbuch weist iech, wéi der äre Schüler kënnt Dokumenter ausdeelen, resp. hinne kënnt d'Méiglechkeet ginn, iech Dokumenter ofzeginn, wann der mat hinnen am Infossall schafft.

  • WiFi

    WiFi for Guests

    WiFi fir Leit vum LCD

  • Eng Audio/Video Panne mellen

    Fir eis eng Panne mat engem Beamer oder mam Toun an engem Sall ze mellen, lued w.e.g. dat folgend Formular erof, fëllt et aus a gitt et bei engem Member vum Service Informatique of. Natierlech kënnt der eis och direkt kontaktéieren (c.f. d'Sektioun "Kontakt"), mee gitt eis an deem Fall onbedingt all déi wichteg Detailer vum Problem un, sou wéi dat och um Formular virgesinn ass!

    Dokument "Multimedia Problem" eroflueden